RRI4 - End of recruitment

The Sports Medicine Research Laboratory (LIH) has launched a new large study on running. This study is the first to investigate the running technique and the risk of injury in a cohort of over 800 runners! This is one of the largest groups of runners observed over a period of several months. The aim of the study is to identify the influence of the damping properties of the running shoes, the body weight, as well as the running technique on the risk of injury.

The recruitment phase is completed now. More than 870 participants were included in the study. The latter will finish at the end of July 2018. The study conclusions will be available on this site by the end of the year.

In collaboration with

Link to original article

© RTL

Ass e Marathon lafen iwwerhaapt gesond fir de Kierper?

Wéi preparéiert ee sech fir e Marathon? An ass dat ganzt iwwerhaapt wierklech gutt fir eise Kierper?

Um Samschdeg ass jo den ING Night Marathon an der Stad, eppes dat fir vill Leit mëttlerweil en traditionellen Event ass. Mä ass sou e Marathon iwwerhaapt gutt fir de Kierper oder ass dat éischter eppes Onnatierleches an Ongewinntes? Mir hunn an deem Kader emol bei engem Expert nogefrot, wéi d’Belaaschtung bei sou engem Marathon ass an wéi een sech am beschten op sou eng kierperlech Erausfuerderung virbereet. Ganz kloer, ouni Virbereedung leeft näischt bei engem Marathon… Aus dem Näischt eraus an ouni Erfahrung a Preparatioun, leeft wuel keen einfach sou e Marathon. Verletzungen bis hin zu aneren Risiken kënnen op d’Leefer duerkommen. Et muss een bedenken, dass e Marathon trotzdem laang ass fir e Kierper, méi laang wéi dat soss de Fall ass. Am Dag sinn eis Virfahren zwar vill gelaf an hunn sech vill beweegt, allerdéngs sinn déi dacks net iwwer 20 Km am Dag erauskomm. Anescht beim Marathon, hei sinn et 40 km ënner Zäitdrock an dat um Stéck, an net verdeelt iwwert den Dag wéi dat virun dausende Joren gemaach gouf. Bloderen a Muskelzerrungen sinn nach banal, méi eescht gëtt et bei enger Iwwerhëtzung. Am beschte soll een iwwregens eng Zockerléisung drénken, fir zousätzlech Energie. Ufänger mussen sech natierlech als éischt emol u sou en Effort gewinnen, sou den Daniel Theisen. An e puer Méint ass ee sécher net fit fir op sou en Marathon. E Joer Virbereedung bräicht ee sécher. Ass een midd, kritt ee virun allem psychologesch Problemer, den Marathon ganz op en Enn ze bréngen.

Lauschtert hei de komplette Reportage: http://candy.eldoradio.lu/BmEmarathon.mp3